1ère lecture: Actes 8, 5-8. 14-17
2e lecture: 1 Pierre 3, 15-18
Evangile: Jean 14, 15-21
La messe était placée sous le thème: Accueillir l’Autre, Accueillir l’Esprit.
Léiw Frënn aus der CVX, léiw Pilgerinnen a Pilger um läschten Oktavsonndeg, léiw Bridder a Schwësteren !
Mir hu bewosst d’Texter vum 6. Ouschtersonndeg fir dës Oktavmass gewielt, well an hinnen e puer wesentlech Gedanken vun eiser ignatianescher Spiritualitéit ukléngen :
– de Glawen ass eng Saach vu Wuessen, vu Sech-Entwéckelen ;
– mir wuessen doduerch, datt mir op den aneren lauschteren, besonnesch de Friemen eescht huelen an dem, wat hien eis ze soen huet ;
– dat geschitt an enger Gemeinschaft, déi ënnereneen austauscht an am Liewen no der Präsenz vu Christus sicht a sie deelt ;
– dëse Partage stäerkt eis a féiert eis zréck an d’Kiirch an d’Gesellschaft fir en Déngscht ze leeschten.
1. Do ass fir d’éischt, an der Apostelgeschicht (Apg 8,5-8 ; 14-17), Rieds vum Wuessen am Glawe vun de neie Chrëschte vu Samarien, am Zentrum vum Hellege Land. Sie sinn duerch den Témoignage vum Philippus zum Glawen u Christus komm. Den Accueil vu sengem Wuert mécht sie oppen fir den Hellege Geescht ze empfänken an esou ganz an de Glawe vun den éischte Chrëschten eran ze wuessen. Et muss eis nodenklech maachen, datt sie grad duerch d’Lauschteren op d’Wuert vun engem Friemen zum Glawen u Christus fanne konnten. D’Samariter an d’Judden waren näämlech äänlech staark verfeind wéi haut d’Wallounen an d’Flamänner, d’Serben an d’Kroaten, asw.
Wéi schwéier di mir eis dach oft, fir d’Stëmm vun de Friemen eescht ze huelen an eis duerch sie a Fro stellen ze loossen ! Mir hunn eis gefreet iwwer déi friddlech Revolten an Tunesien an Ägypten, an duerno an engem groussen Deel vun der arabescher Welt. Mee wann et drëm geet, Flüchtlinge vun do an eisem räichen Europa opzehuelen, da maache mir plötzlech eis Grenzen dicht ! Och déi friem Studenten, besonnesch aus Afrika, sinn oft net an eisem Land wëllkomm, sie fanne méi schwéier en Ënnerdaach wéi di aner a bleiwen wéi e Friemkierper an eiser Gesellschaft. Mir kloen nach, datt esou wéineg Jonker an eise Pare präsent sinn, mee mir dinn eis schwéier, sie an hirer Ausdrocksweis an hire Froen eescht ze huelen, an eis Gemeinschaften a Feieren esou ze gestalten, datt och sie hir Plaz kënne fannen.
D’Auszich aus der Apostelgeschicht an aus dem Johannesevangelium ruffen eis haut op, eis am Glawen ze entwéckelen, net op der Plaz ze trieden, mee un neien Erausfuerderungen ze wuessen.
2. Comment rencontrer l’autre en vérité alors ? Dans la première épître de saint Pierre (1 P 3,15-18), nous trouvons la belle expression de « rendre compte de l’espérance qui est en nous », et cela avec douceur et respect. C’est dire qu’il faut dépasser les jugements ou préjugés, dépasser aussi une attitude arrogante où nous serions dépositaires de toute la vérité face à l’autre, ignorant, qui aurait tout à recevoir de nous. Il s’agit bien plutôt de se rencontrer en vérité et en humilité, autour de l’essentiel, de ce qui fait le cœur de notre vie, de l’humanité commune que nous partageons tous. Il s’agit aussi de dire notre foi avec des mots simples, tirés de l’expérience personnelle, en ne taisant pas nos difficultés et questions, plutôt que d’assommer l’autre avec des formules toutes faites ou de vouloir lui imposer nos convictions..
Si nous arrivons à faire le pari de rencontrer l’autre autour du coeur de notre vie et de notre foi, alors nous pouvons faire l’expérience de la présence de Jésus et de son Esprit. Il a, en effet, encouragé tous ceux qui croient en lui à ne pas avoir peur pour témoigner de lui, car lui-même nous donnera les paroles qui sonnent justes. L’accueil de l’autre va forcément nous coûter quelque chose, car il amène une remise en question de soi, mais nous serons enrichis aussi par la rencontre et par le Christ lui-même qui se donne à travers l’autre.
3. Fir ouni Angscht op den Aneren zouzegoen an Zeechnis vun der Hoffnung ze ginn, déi mir an eis droen, kënne mir eis um Beispill vun der Jongfra Maria orientéieren. Sie war an der Gemeinschaft vun de Jünger déi, déi nom Schock vum Jesus sengem Dout déi aner mat hirer Hoffnung oprecht gehalen huet. Sie huet bescheiden an demüteg d’Hoffnung gedroe vu Karfreideg bis Ouschtersonndeg, a souguer bis Péngschten. Et ass net fir näischt, dass d’Apostelgeschicht sie am Krees vun de Jünger erwähnt an datt all Ikonen an Tableauën vu Péngschten déi éischt Chrëschten ëm d’Maria versammelt weisen. Sie konnt esou de Jünger vum Jesus Trouscht, Kraaft a Festegkeet schenken, d’Tréischterin am Leed. Esou wéi sie kënne mir duerch all Epreuven erduerch un der « klenger Schwëster Hoffnung » festhalen, wéi de Charles Péguy geschriwwen huet. An dobei hëlleft eis, eis an enger Gemeinschaft vu Gleewegen zesummen ze fannen, déi verschidde sinn, mee vum Partage vum Wesentleche liewen.
Loosse mir eis also oppe maachen, fir déi Friem an eiser Mëtt ze begéinen an unzehuelen. Loose mir zesummen duerch en éierlecht Deelen matenaner zum Häerz vun eisem Liewen virdréngen, wou Christus op eis waart a wou säi Geescht eis mat Freed an Zouversiicht erfëllt, sou datt mir der Welt e Stéck Hoffnung kënne mat deelen, op dat sie sou sehnsüchteg waart.