Fräiwëlleger vun 21 bis 35 Joer: Eng Woch mat jonke Flüchtlingen op der Musel animéieren?!

Du wëlls während denger Vakanz nei Erfahrunge machen an du hues nach net alles verplangt?
Du bas interesséiert fir mat jonke Flüchtlingen eng Woch zweschen dem 3. an 11. August op der Musel ze verbrëngen?

Dann ass dat hei villäicht eng super Gelejenheet fir dech!

Young Caritas, an Zesummenarbecht mat der CVX a Reech eng Hand proposéiert ee Projet fir Fräiwëlleger vun 21 bis 35 Joer, fir während enger Woch jonk Flüchtlingen ze animéiren (Diskussiounen, Spiller a Gesank, Fussball, Schwammen, Randonnéen zu Fouss oder um Velo asw).

Mir wunnen zesummen a Vakanzhaiser zu Gréivemacher. Fräiwëlleger a Flüchtlingen gi begleed vun 2 erfuerene Mataarbechter.
Kascht a Logis si gratis.

Bas de firwetzeg gin a wëlls méi wëssen ? Da kontaktéier huerteg
d‘ Agnes Rausch (arausch pt.lu, +352 621 358 168)
oder d’ Josée Barthel (jbl pt.lu, +352 621 728 858)

FLYER fir auszedrécken

29. Abrëll 2018