Geschéckt an ënnerstetzt - a Gemeinschaft

D’CVX Lëtzebuerg huet sech den 3. Abrël 2011 versammelt fir den CVX Weltdag ze feieren. Et war och d’Geleeënheet fir an eiser Gemeinschaft d’Dynamik vum DESE ze verdéiwen, a besonnesch d’Komponenten “Envoi” an “Ennerstëtzung”. Nomëttes ass den neien “Team National” gewielt ginn an di nei Verantwortlech goufen um Enn vun der Eucharistiefeier vun der Gemeinschaft an hir nei Mission “geschéckt”.

Hiféierung

  • Mat de Buchstawen E an S vum DESE (envoyer a soutenir), hu mir déi meeschte Problemer : wéineg Erfahrungen vu Sendung oder Gesand-ginn, an och de Soutien fir meng eege Missioun duerch de Grupp ass net evident
  • Karikatur : mir gesinn an erliewen eis oft als Eenzelkämpfer : jiddereen huet op senger Plaz säi Mann/seng Fra ze stellen an sech dofir ze veräntwerten ; jidderee baakt seng eege Bréidercher a kuckt, dat esou gutt wéi méiglech ze maachen. Dësen Individualismus läit souwuel an eiser Kultur (Ideal vum « Self-made-man ») wéi datt en och duerch eng gewëssen (och ignatianesch) Spiritualitéit gefördert gëtt : eenzel beruff, eenzel an d’Missioun geschéckt, eenzel viru Gott verantwortlech !
  • Mir wëllen eis haut op dat Gemeinschaftlecht vun eiser Beruffung besënnen an den Envoi souwéi d’Ënnerstëtzung an deem Kader beliichten

Eng Erfahrung : den Envoi vum neien Exco um Welttreffen vun der CVX 2008 zu Fatima (Josée ?)

1. D’Gemeinschaft ëm de Jesus als Ausgangspunkt virun an Treffpunkt no der Missioun

De Jesus wollt séng Jünger, déi 12 Apostelen an déi 72 Jünger u senger Missioun associéieren an Deel huele loossen :

  • Mk 3,13-19 : « Jesus stieg auf einen Berg und rief die zu sich, die er erwählt hatte, und sie kamen zu ihm. Und er setzte zwölf ein, die er bei sich haben und die er dann aussenden wollte » : e gemeinschaftlecht Element ass vun Ufank u mat derbei ; am Zesummesinn mam Jesus léieren déi 12, wat sie ze soen an ze doen hunn a wéi sie et maache sollen.
  • Mk 6,6-13 : « Er rief die Zwölf zu sich und sandte sie aus, jeweils zwei zusammen. » Zu zwee kann een sech géigesäiteg ergänzen a stäipen, an den Témoignage vum Mateneen-Eens-ginn seet op d’mannst grad esou vill aus wéi d’Priedegten ! Och déi 72 Jünger ginn zu zwee an zwee ausgeschéckt (Lk 10,1-16).
  • No där éischter Missioun wëll de Jesus mat de Jünger fort fueren fir mat hinnen eleng ze sinn : an der Gemeinschaft hir Erfahrungen ze deelen (Mk 6,30ff), sech géigesäiteg ze beräicheren duerch dat, wat sie erlieft hunn, duerch Gemeinsamkeeten an Differenzen e neie Bléck op dat Erlieften ze kréien, vum Jesus an eng nei Déift gefouert ze ginn – dat, wat mir probéieren, an der Relecture an eise Gruppen ze maachen !
  • D’Jünger ginn esou derzou gefouert, d’Stäerkt vun der Gemeinschaft ze erfueren an datt sie zesumme beim Jesus gutt opgehuewe sinn. Et geet net ëm egal wéi eng Gemeinschaft, mee ëm déi ronderëm de Jesus (net ze vergiessen !) !

2. Gemeinschaft an Envoi bei den éischte Chrëschten

No der Operstehung an der Himmelfahrt vum Jesus ginn d’Apostelen zesummen ausgesandt an si gi gemeinsam Zeechnis vun hirem Glawen.

  • Mt 28,16-20 : « Geht zu allen Völkern und macht alle Menschen zu meinen Jüngern (...) Seid gewiss : Ich bin bei euch alle Tage bis zum Ende der Welt. » Gemeinsam ginn déi 11 Apostelen op de Bierg a Galiläa (sou wéi deemools fir d’Séileg-preisungen), mat ganz ënnerschiddleche Gefiller (Angscht, Zweifel, Freed, grousser Erwaardung, ...) an d’Missioun vum Jesus gëtt hinnen definitiv uvertraut. Dobei kënnen sie sécher sinn, datt de Jesus weiderhin an hirer Mëtt bleift, esou wéi dat am Ufank vum Mt versprach gi war vu Gott (Numm « Immanuel » = Gott mat eis).
  • Wéi erfëllen d’Apostelen an déi éischt Chrëschten dës Missioun ? Andeems sie fir d’éischt vill zesumme sinn, matenee bieden an d’Gemeinschaft pflegen. Apg 1,12f : no der Himmelfahrt ginn sie zesummen « in das Obergemach hinauf, wo sie nun ständig blieben (...) Sie verharrten dort einmütig im Gebet, zusammen mit den Frauen und mit Maria, der Mutter Jesu, und mit seinen Brüdern. »
  • Déi nächst Kapitelen vun der Apg verweisen oft op d’Entstehung an d’Pfleg vun der Jerusalemer Gemeinschaft : déi éischt Chrëschten leeën hire Besëtz zesummen, gi mateneen an den Tempel bieden a feieren an der Eucharistie d’bleiwend Präsenz vum operstanene Christus (Apg 2,43-47 ; 4,32-37).
  • D’Priedegt an déi éischt Zeechen (Krankenheelungen) bréngen där jonker Communautéit e staarken Zoulaf, sou datt sie sech lues a lues méi organiséiere muss : 7 Diakone gi gewielt fir den Apostele beizestoen. Sie kréie vun den Apstelen virun der ganzer Gemeinschaft d’Hänn opgeluegt als Zeechen fir hiren Envoi, hiert Deelhuelen un der Missioun vun der jonker Kierch (Apg 6,1-7)
  • Beim Envoi vum Paulus a Barnabas (Apg 13,1-3) geet ganz kloer erfir, datt déi zwee Heeden-Apostelen vun der ganzer Gemeinschaft ausgewielt a geschéckt ginn. Sie ginn sech net selwer hiren Envoi, mee kréien hir Missioun an der Gemeinschaft zougesot nodeems sie all zesumme gebiet a gefaascht hunn. Och hei dréckt de Geste vum Opleeë vun den Hänn den Engagement vun der ganzer Gemeinschaft aus.
  • Aus dene Beispiller geht kloer erfir, datt och déi vum Jesus gewollte Gemeinschaft vun de Chrëschte muss gepflegt an ënnerhale ginn : Vertraue muss wuessen, d’Ausriichtung op de Jesus a seng Missioun muss garantéiert bleiwen, gemeinsam Ritualer gi fonnt a gepflegt an d’Gemeinschaft sicht ëmmer neess Weeër fir mat neien Erausfuerderungen eens ze ginn. Den Envoi vun den eenzelnen Apostel geschitt am Numm a fir d’ganz Gemeinschaft. Si mir eis genuch bewosst, dass d’Missioun vun den eenzelne Mêmberen de ganze Grupp ugeet an dem ganze Grupp eppes bréngt ?


Photo: D’Sendung vum neien Team National (den 3. Abrël 2011)

3. Gemeinschaft an Ënnerstëtzung an der Apostelgeschicht

Och wann d’Apg a wäiten Deeler d’Erzielung vun den (Helden-) Taten a Priedegten vun eenzelnen Apostelen a Jünger ass (Péitrus, Stephanus, Philippus a Paulus), sou gëtt d’Réckbindung vun dene Figuren an d’Gemeinschaft ëmmer neess betount.

  • Nodeems de Péitrus an de Johannes wéinst hirer Rechtgleewegkeet virun de Héige Rot zitéiert gi waren, kommen sie an d’Gemeinschaft vun de Chrëschten zréck ; déi ganz Communautéit biet dann zesummen ëm Kraaft a Courage fir d’Evangelium ze verkënnechen (Apg 4,23-31).
  • No senger Bekéierung brauch de Paulus den Hananias als Bréck fir an d’Gemeinschaft vun de Chrëschten ze fannen (Apg 9,10-18).
  • Wéi eng Hongersnout ausbrécht, sammelt d’Gemeinschaft vun Antiochia, fir d’Bridder a Schwësteren a Judäa ze ënnerstëtzen a sie schécken hinnen hir Don’en duerch de Paulus an de Barnabas (Apg 11,27-30). Am Réimerbréif erwähnt den hl. Paulus eng Spende vun de Chrëschten aus Griechenland a Mazedonien fir déi « Aarm ënnert den Hellegen zu Jerusalem » (Réim 15, 25-29). De Soutien tëscht Chrëschten soll net nëmme spirituell sinn !
  • Méi wéi eng Kéier ass de Paulus méi wéi frou, datt hien op d’Hëllef vun de chrëschtleche Gemeinschaften kann zréckgräifen, z. B. an der Apg 28,15 : wéi de Paulus no laanger a geféierlecher Reess endlech zu Roum ukënnt an d’Bridder vu Roum him entgéint kommen, « dankte er Gott und fasste Mut. »
  • Dës Beispiller kënnen eis uregen, iwwer d’Hëllef an d’Ënnerstëtzung nozedenken, déi mir an eise Gruppen erliewen bzw. an Usproch kënnen huelen. Vläicht geschitt dat ganz vum selwen, vläicht gëtt et awer och eppes ze entdecken oder ze verdéiwen, wat de « Soutien » duerch d’Gemeinschaft vum Grupp oder vun der ganzer CVX-LU ugeet !

4. Gemeinschaft a Missioun beim Ignatius an den éischte Gefährten

– Nodeems den Ignatius a seng éischt Gefährten d’Studium zu Paräis ofgeschloss haten, sinn sie op Venedig an aner italienesch Stied a klenge Gruppe gezunn, wou sie während Méint dagsiwwer gepriedegt an ëm Nahrung gebiedelt, owes zesumme gebiet an ausgetosch hunn. Joren dono wäerten sie vun där Erfahrung als hirer « Urkiirch » schwetzen !

– Wéi déi éischt Gefährten, déi sech dem Poopst zur Verfügung gestallt hunn, a verschidde Länner uechter d’Welt geschéckt ginn, stellt sech fir sie d’Fro, ob sie sech sollen als Uerden zesummen doen fir hir gemeinsam Erfahrung an d’Lien’en, déi doduerch entstane sinn, ze schützen. Esou beschléissen sie 1539 no engem méintelaangen Discernement, sech effektiv zesummen ze schléissen an den Ignatius als hiren 1. Generaloberen ze wielen.

– Eent vun de Mëttelen, dat den Ignatius fënnt fir d’Zesummegehéieregkeetsgefill ze stäerken, ass datt d’Jesuiten ëmmer a Bréifkontakt matenee solle stoen. Den Ignatius selwer schreiwt eng 6000 Bréiwer an heen décidéiert, datt all Oberen winstens emol am Joer op Roum soll schreiwen. Auszich aus dene Bréifer ginn ofgeschriwwen oder souguer gedréckt an an alle Gemeinschafte vun de Jesuite virgelies (« lettres édifiantes »).

– Zäite vu gemeinsamer spiritueller a mënschlecher Erfahrung schafe Lien’en, déi et wichteg ass beizebehalen, wann e Grupp net méi an der selweschter Intensitéit kann zesumme liewen. Profitéiere mir an eise Gruppen an als CVX-LU genuch vun intensive spirituellen a mënschleche Momenter ? A gi mir eis d’Mëttelen fir dat, wat gewuess ass, ze förderen an ze schützen ?

Fazit

  • Mir si méi an d’Gemeinschaft agebonne wéi mir et oft wouer huelen ! Eise Glawen ass fundamental gemeinschaftlech : « Wo zwei oder drei in meinem Namen versammelt sind, da bin ich mitten unter ihnen. » (Mt 18,20)
  • Et ass och als Gemeinschaft, datt Christus eis ëmmer neess zesumme féiert an ausschéckt fir u senger Missioun Deel ze huelen. All Engagement vun eenzelnen geet och déi ganz Gemeinschaft eppes un, déi esou weider wiisst a sech entwéckelt. Un eis, gutt Weeër fir dËnnerstëtzung a symbolesch Gesten fir eng nei Missioun, déi engem uvertraut gëtt, ze erfannen !
  • A senger Priedegt zu Bréissel am September d’läscht Joer virun de Jesuiten, CVXler an ignatianesche Frënn aus der Belsch a Lëtzebuerg huet de P. Adolfo Nicolás, Generalobere vun de Jesuiten, folgendes zur Roll vun der Gemeinschaft a Bezug mat der Missioun gesot : « (...) le type de mission qui donne le plus de fruits, c’est celle portée en communauté, et non individuellement. Seul Jésus peut s’identifier avec le Royaume de Dieu, comme les Pères de l’Eglise le disaient. Pour nous, c’est la communauté qui donne la crédibilité et même façonne la mission, parce que la communauté est la forme du Royaume de Dieu. La mission ne peut être vécue qu’à partir d’une communauté où l’amour, la joie et l’espoir sont des choses claires et évidentes. » [1] A méditer !

[1Texte dans la revue « Vies consacrées », n° 1/2011, p. 6-7.

Josy BIRSENS sj
Marie-Christine RIES
16. Abrëll 2011
Vum selwechten Auteur: Vum selwechten Auteur: