D’Lëtzebuerger Mutter-Gottes-Oktav gët esou selbstverständlech mat de Jesuiten an hirem Grënner verbonnen, datt een sech a priori keng weider Gedanken mëcht. An enger Zäit, wou d’Oktav awer grad wéi d’kiirchlech Liewen am allgemengen eng déif Kriis hei zu Lëtzebuerg duerchmécht, a wou zugläich den Interessi un der Spiritualitéit nei opblitt, wann och verschiddentlech ënner bedenkliche Formen, ass et der Méi wäert, datt mir zum spirituellen a chronologischen Ursprung vun der Oktav zréckgin fir sie vläicht nei ze entdecken an ze beliewen. De spirituellen Ursprung féiert eis op d’Spiritualitéit vun de Jesuiten zréck, déi am Liewen an an den Exercissen vum hl. Ignatius vu Loyola grondgeluegt ass (1. an 2. Deel). An engem 3. Schrëtt wëlle mir eis de geschichtliche Kontext vun der Entstehung vun der Oktav ukucken a kritesch ënner d’Lupp huelen. D’Plaz vun der Mutter Gottes am Liewen an an der Doctrine vum hl. Ignatius an hir Stellung an der Pastoral vun den 1. Jesuiten zu Lëtzebuerg sollen eis e puer Unhaltspunkte gin, wéi d’Oktav haut kënnt nei geduecht gin.
1. D’Maria am Liewen vum hl. Ignatius vu Loyola (1491-1556)
Den hl. Ignatius huet wéineg iwwer d’Mutter Gottes geschriwwen a geschwat; souguer a sénger riesiger Korrespondenz (ca. 7000 Bréiwer!) kënnt sie praktësch net vir. Trotzdem hat hien säi ganzt Liewen eng déif Bezéiung zu hir, déi besonnesch a sénger Autobiographie an a séngem ‘Journal Spirituel’ zum Virschäin kënnt. Allerdéngs huet d’Bedeitung vun der Maria sech och mat der spiritueller Evolutioun vum Ignatius gewandelt.
An der Ufankszäit vu sénger Bekéierung kann e vun enger schwärmerischer Veréierung schwätzen. Esou wéi hien als Ritter an Zaldot nom Ideal vum mëttelalterlechen Minnegesang dervun dreemt, grouss Heldendoten fir séng Dame ze maachen, déi hien veréiert an där hien imponéiere wëll, esou gesäit hien elo d’Mutter Gottes. Zwee Beispiller:
- Am Ufank vun séngem Pilgerwee a Spuenien begéint hien engem Mohammedaner, den hien ëm een Hoer ëmbréngt, well ën d’Jungfräulechkeet vun der Maria a Fro gestallt huet. Esou konnt hien dach als Ritter d’Éier vun sénger Dame net beschmotze loossen!
- Zweemol mécht den Ignatius op séngem Wee Halt, fir eng ganz Nuecht an engem marianischen Wallfahrtsuert Waach ze halen am Gebied: fir d’éischt zu Aránzazu am Baskenland an dann um Montserrat, wou hien ganz nom Ideal vum mëttelalterlechen Ritter säi Schwert néierleet a séng Kleeder géint déi vun engem Aarmen austauscht.
Allerdéngs steht ganz am Ufank vum Ignatius séngem Wee eng déif spirituell Erfahrung, déi séng Léift zur Mutter Gottes erklärt. Wéi hien nach no sénger schwéierer Krichsverletzung zu Loyola am Krankebett läit a sech Gedanken mécht, wat ën elo aus séngem Liewen maache soll, zu dem Moment, wou séng ritterlech Idealer verblassen an e Liewen an der Nofollech vum Jesus hien ëmmer méi unzitt, do erschéngt him d’Maria mat dem Jesuskand um Aarm an enger Visioun, déi säi Liewen dauerhaft verännere wäert. Dës Visioun gët him ee ganz “aussergewéinlechen Trouscht” an en groussen Dégoût vu séngem bisherige Liewen, sou datt hien sech décidéiert, vun elo un et den Helligen nozemaachen a méiglechst genau wéi de Jesus selwer am Evangelium ze liewen (Récit, n°10). Dës déif ënner Erfahrung gët dem Ignatius de néidige Kick an d’Kraaft, fir séngen fréieren Idealer (Kampf, Ruhm, Räichtum) ofzeschwiren an e neit Liewen unzefänken. Zwar dreemt hien am Ufank nach vill vun äusserlichen Aktiounen, mee schon no der Veillée um Montserrat gesäit een, wéi eescht et him mat sénger Bekéierung ass: vun elo un sin net méi d’Waffen vum weltliche Ritter séng Referenz, méi déi vum Jesus, d.h. déi vun enger fräi gewieltener Aarmut an der Nofollech vum aarmen Christus.
A propos Montserrat: wann dem Ignatius séng Lieblingsbezeechnung vun der Maria “eis Dame” heescht, sou weist sech awer, dass d’Maria net selwer d’Ziel vum Ignatius sénger Léift ass a net am Mëttelpunkt steht. Fir dem Ignatius séng ganz Spiritualitéit ass et bezeechnend, dass säin Engagement dat vun der Nofollech vum Sonn Gottes ass, den Mënsch gin ass, an dass ën dësen Engagement virun der Mutter Gottes hëllt. Dës Haltung fënnt sech erëm an de Gelübde vun de Jesuiten, déi ëmmer “a Präsenz vun der Jongfra Maria (an allen Hellegen)” ofgeluegt gin, mee fundamental en Engagement fir Gott an der Nofollech vum Jesus sin.
Och de weidere Wee vum hl. Ignatius ass gezeechent vun der Figur vun der Mutter Gottes. An dene laange Méint, wou hien säin ënnere Wee an der Einsamkeet zu Manresa sicht, éier hien op Jerusalem pilgert, sin zwee Punkten erfirzehiewen:
- Eng vun den 1. grousse Gnoden, déi hien no enger laanger Glawenskris geschenkt kritt, betrëfft d’Dräifaltegkeet: an engem Moment, wou hien am Gaang ass, e marianesch Gebied, d’Stonnen vun Eiser léiwer Fra, ze bieden, geht et him stënterlech op, wat ët mat der Dräifaltegkeet op sech huet. Esou wéi hien et spéider an den Exercissen festschreiwt, schéngt et duerch d’Maria ze sin, dass den Ignatius bis an d’ënnerste Geheimnis vu Gott gefouert gët. Dës Mëttlerroll wäert am ganze Liewen vum Ignatius séng Wichtigkeet behalen.
- Och bei der 2. Erfahrung steht d’Maria net fir sech eleng: niewt de Visiounen vun der Dräifaltegkeet, vum Schöpfergott, vun der Präsenz Christi an der Eucharistie a vum Zesummenhang vun allem Geschafenen (Visioun vum Cardoner), zitéiert den Ignatius an engem Otemzuch d’Visioun vun der Mënschheet vu Christus a vun der Persoun vu Maria. Et ass bezeechnend fir d’ignatianesch Spiritualitéit, dass de Jesus an d’Mutter Gottes zesummen am Kontext vun der Mënschwerdung vu Gott erfueren gin. Wat fir den Ignatius un éischter Plaz steht fir d’Maria, dat ass d’Realitéit vun hirer Mutterschaft, hire besonnesche Lien zur Mënschlichkeet vum Jesus.
E läschte staarke Moment - niewt villen Erscheinungen an enger grousser Präsenz vun der Mutter Gottes am Gebiedsliewen vum Ignatius - betrëfft d’Visioun vun La Storta, enger klenger Kapell an engem Viruert vu Roum. Den Ignatius ass ënnerwee mat séngen 1. Gefährten, fir dem Poopst hir Servicer unzebidden. Nodeems hien mat denen aneren d’Priesterweih empfaangen huet, bied hien méintlaang ëm d’Gnod, dass d’Mutter Gottes hien hirem Jong zougesellt (“mettre avec son Fils”). Wou hien dun an déi kleng Kapell vu La Storta bieden geht, geht et him ganz kloer op, dass Gott de Papp hien séngem Jong zougesellt, dass hien also vu Gott selwer an den Déngscht vu Christus ënnert dem Zeechen (“Banner”) vum Kräiz opgeholl gët. Et ass wichteg, hei erfirzehiewen, dass den Ignatius op deem Punkt, wou séng ganz Zukunft (an déi vu sénge Gefährten) um Spill steht, séch am Gebied der Mutter Gottes zouwendt an op hir Virsprooch vertraut, wann et ëm d’Häerz vu sénger Missioun an där vum künftige Jesuitenuerden geht.
2. Plaz a Roll vun “eiser Dame” an den “Exercissen”
2.1. “Nuestra Señora” / “Eis Dame”
Wann d’Exercissen vu Maria schwätzen, da meeschtens ënnert der Bezeechnung “eis Dame” (“nuestra señora”, Unsere Liebe Frau, Notre-Dame). Dësen Titel kënnt 28mol vir, eleng 11 mol an de Meditatiounen vum Jesus séngem Liewen. D’Maria gët nëmmen 12 mol “Mamm” genannt an eng eenzeg Kéier “Jongfra”. Hire Virnumm, Maria, taucht just an den Zitater aus dem Evangelium op, déi een an den Exercissen fënnt.
Zwou Bemierkungen zu dem Titel: wéi gesot, weist ën zréck op déi mëttelalterlech Ritterveréierung. Fir de bekéierten Ignatius geht et awer virun allem drëm, d’Verbonnenheet vun der Mara mat hirem Jong ze illustréieren: “nuestra señora” steht oft an de biblischen Zenen a virun allem an der Verherrlichung vum Himmel zesummen mat “nuestro señor”, eiser Här Jesus Christus. [1] D’Mutter Gottes ass also déi, déi un der Herrlichkeet vun hirem Jong Deel hëllt. Zweetens gët d’Maria an hirer ekklesiologischer Roll, als Mamm vun alle Chrëschten, ugeschwat mat dem Titel “eis Dame”. Sie ass net d’Ziel vun enger privater Veréierung, mee d’Fürsprecherin vun alle gedeeften Chrëschten, déi sech beméien, de Wee vun der Nofollech vum Jesus ze goen.
Dëst ass nämlech genau d’Ziel vun den “Exercices spirituels”, der 30-deegiger Retraite: duerch eng ënner Ëmkéier fräi ze gin, fir de Wee vum Jesus ze goen an domatter de Wëlle vu Gott iwwer d’perséinlecht Liewen grad ewéi och iwwer déi ganz Schöpfung mat auszeféieren. Dofir gët an der 1. Woch déi eegen Verflechtung mat der Sënd betruecht, an der 2. Woch d’öffentlech Liewen vum Jesus, an der 3. an der 4. schliesslech, d’Kräiz an d’Operstehung. Et geht dobei net haaptsächlech drëm, bestëmmten Tugenden ze erlaangen, mee sech existenziell uspriechen ze loossen fir am eegene Liewen op eng perséinlech Aart a Weis d’Missioun vum Jesus weider ze féieren (“élection”).
2.2.Fürsprecherin beim Jesus a Mëttlerin zu him
D’Mutter Gottes kënnt schon den 1. Dag vun der 1. Woch an den Exercissen zum Zuch als déi, déi Virsprooch beim Jesus aleet fir de Retraitant. An engem dräifache Gebied (“triple colloque”) wendt ën sech fir d’éischt un d’Maria, datt sie beim Jesus ëm d’Gnod freet, dass de Retraitant séng Sënden kenne léiert, dass ën den Duercherneen vu séngem Liewen spiert an dass ën déi sëndhaft Dynamik vun der Welt gesäit fir sech dovun ze hidden. Mat dem selwichten Uleies wend ën sech dann un de Jesus Christus, dass hien dës Gnod beim Papp erbied, a schliesslech un de Papp am Himmel selwer (Ex. [63]).
Wann d’Maria hei als Fürsprecherin a Mëttlerin an Erscheinung trëtt, dann an enker Verbonnenheet mat an Ofhängegkeet vum Jesus “hirem Jong an Här” (!). De Jesus ass den eenzigen Mëttler (1Tim 2,5), mee well den Ignatius ëm d’Verbonnenheet vun der Maria als Mamm vum Jesus mat him weess, wend hien sech un sie an der Iwwerzeegung, datt hien duerch dëst Gebied direkt zum Jesus an duerch hien zum Papp fënnt. Dëst ass allerdéngs nëmme méiglech well de Jong vun der Maria zugläich hiren (an eisen) Här ass, an domatt den eenzige Mëttler beim Papp am Himmel.
D’Hinwendung zur Maria fënnt hire Sënn dorann, datt sie duerch Gottes Gnod d’Sënd net kannt huet, datt hiert Liewen geradlineg, kloer a gutt geuerdent war, datt sie näischt gemeinsam hat mat der Selbstgefällegkeet an den Ambitiounen vun der sëndhafter Welt (Virbild fir all glewige Chrëscht). An dem Moment, wou de Retraitant eng esou déif wéi méiglech Bekéierung ustrieft an erfleht, kann hien sech mat Recht der Maria zouwenden, déi d’Sënd net kannt huet a sech mat Läif a Séil Gott zur Verfügung gestallt huet. An der Zouwendung zur Maria kann hien Kraaft an Trouscht fannen, well him bei hir schon d’total Réussite vun der Erléisung virun Aen trëtt. Sie gëtt gewëssermoossen der Rei (Reue) hire Fridden, der Bekéierung hir Wourecht an sie mëcht aus béiden eng aktiv Generositéit, fir sech an den Déngscht vum Kinnekräich vun uewen ze stellen (M. Giuliani).
Genau an dësem Zesummenhang schéngt mir d’Roll vun der Tréischterin beim Ignatius spirituell an theologesch grondgeluegt ze sin! Den Trouscht, den eis vu Gott geschenkt gët, ass nämlech wäitaus méi wéi e Gefill, et handelt sech ëm eng ënner Kraaft, déi zu Engagement an Handelen féiert, déi an eis e Pluss vu Glawen, Hoffnung a Léift bewierkt. An dësem Fall: d’Ofwendung vun allem Béisen an d’Öffnung op eng gottgerecht Zukunft hin. D’Hinwendung zur Maria bewierkt geeschtlichen Trouscht fir eis sëndeg Mënschen, well sie schonn als erléisten Déngerin ganz an den Déngscht vu Gott mat erageholl ass. Aktiv ass awer Gott selwer, den Hl. Geescht, den als Trouscht erliewt gët - d’Maria erschéngt domatt esouwuel als Virbild vum geeschtliche Liewen wéi och als Begleederin vum Wee vum eenzelne Chrëscht.
Hiren Héichpunkt fënnt d’Ëmorientéierung an der 2. Woch, an där de Retraitant invitéiert gët, sech ganz Christus hinzegin (“Règne”) am Kampf géint dat Béist, a sech op séng Säit ze schloen mat de Waffen vun der Aarmutt, dem Erdroen vun Demütigungen an der Demut selwer (“Zwéi Banner”). D’Hingabe un de verherrlichten Christus geschitt neess “a Präsenz vun sénger glorräicher Mamm” (Ex. [98]), déi als éischt un där Herrlechkeet Deel huet, déi alle Mënsche versprach ass. Bis dohin gëlt et awer, de Kampf géint dat Béist an eis selwer an an der Welt weider ze kämpfen. Den Enjeu vun dësem Kampf gesäit den Ignatius virun allem an eisem Widerstand, fir eis op d’Säit vun dem aarmen a gedemütigte Christus ze schloen, also d’Dimensioun vum Kräiz an eisem Liewen unzhuelen. Déi zentral Meditatioun vun den zwee Banner (Ex. [136-147] féiert neess zu engem dräifachen Gebied zur Maria, zum Jesus an zum Papp, den dem Retraitant d’Gnod soll schenken, ënner dem Banner vum Kräiz opgeholl / mat dem Jesus gestallt ze gin an der Aarmut, den Demütigungen an der Demut.
Och hei ass d’Maria op där enger Säit déi, déi scho verherrlecht ass, eis also d’Ziel vun der erléister Mënschheet virun Aen stellt, an op där anerer Säit déi, déi eis am Kampf ënnerstëtzt a beschützt. Aus béiden Aspekten kënnt eis Trouscht zou am staarken spirituelle Sënn: Hoffnung, Zouversiicht a Kraaft fir eis ze engagéieren. [2] D’Roll vun der Maria am Ignatius sénger Spiritualitéit besteht doranner, datt sie eis zu hirem Jong an Här féiert am Déngscht vum Papp. Sie steht ganz am Déngscht vun deem “Wierk”, fir dat Christus duerch sie Mënsch gin ass, an hir Missioun besteht doranner, eis den ënneren Trouscht ze erbieden, den eis et erméiglecht, ëmmer nees de Jesus a säi Kräiz ze wielen, a net Räichtum, Éier oder wat och ëmmer eis soss vu Gott ewech féiere kënnt.
2.3.Virbild fir d’spirituellt Liewen an Urbild vun der Kiirch
Esou versteht sech dann och, dass d’Maria an den Zenen vum Evangelium, déi de Retraitant ze betruechten kritt, nie fir sech selwer gesi gët, mee ëmmer am groussen heelsgeschicht-lichen Zesummenhang. An der Meditatioun iwwer d’Mënschwerdung (Ufank vun der 2. Woch) z. B. geht de Bléck fir d’éischt op d’Dräifaltegkeet, déi de Misère vun eiser Welt gesäit an sech décidéiert, datt déi 2. Persoun Mënsch gët, an dann eréischt op d’Maria, déi vum Engel ëm hir Zoustëmmung gefrot gët, fir d’Mamm vum Jesus ze gin. Esou soll de Retraitant stänneg souwuel den dräifaltige Gott virun Aen hun, den eis rett, ewéi eis Welt, déi vun der Sënd verseucht ass, an d’Jongfra, an där d’Verbonnenheet vum rettende Gott an dem gerettete Mënsch zustane kënnt. A wann d’Maria hir Jo-Wuert gët, sech “demütegt a Gott d’Éier gët” (Ex. [108]), dann hëllt sie schons déi Haltung an, déi déi vun der Kiirch, der glewiger a geretter Mënschheet, ass.
Dat selwecht gëlt fir d’Gebuert vun eiser Här, déi den Ignatius direkt an d’Perpektiv vum Kräiz, also vun der Verwiirklichung vun eiser Rettung, stellt. Wa Maria bei der Verkündigung d’Rettung vun der Welt akzeptéiert, sou kuckt sie bei der Gebuert schonn an d’Richtung vum Kräiz, wat och doduerch verdäitlecht gët, dass den Ignatius an de nächste Betrachtungen d’Opopferung vum Jesus am Tempel an d’Flucht an Ägypten unenee reit: Maria gët hire Jong hir, héiert dem Symeon séng Prophezeiung a mëcht op der Flucht “wéi am Exil” (Ex. [132]) schonn d’Erfahrung vum Kräiz.
Ähnleches kann ee vun enger vun de nächsten Meditatiounen soen, wou den Ignatius eis an engem Otemzuch den Abschied vum Jesus vu sénger Mamm (net am Evangelium!) a séng Daf duerch de Johannes den Deefer weist. Hei gët d’Mutter Gottes eng nei Kéier derzou gefouert, hire Jong hirzegin, an de Papp am Himmel hëllt dës Hingabe sufort un, andeems ën de Jesus als “säi Jong, den hien gär huet” (Mt 3,17) proklaméiert. Während de Jesus also de Sigel vu sénger Missioun opgedréckt kritt, trëtt d’Maria zréck a verschwënd: bis zum Enn vun der 3. Woch geht net méi Rieds vun hir an den Exercissen!
Mir fannen sie ënnert dem Kräiz erëm, fir dem agoniséierende Jesus säin zweeten a läschten Äddi ze héieren: “Hei ass däi Jong”, a fir ze betruechten, wéi dem Jesus säi Läif “a Präsenz vu sénger schmäerzvoller Mamm” vum Kräiz erof geholl gët. Eng ganz Meditatioun lisst eis dann d’Maria betruechten op hirem Wee vum Graf vum Jesus bis an hiert Haus (Ex. [208,8]). Tëscht denen zwéin Äddien zu Nazareth an um Golgotha huet sech dat ganzt Geheimnis vum Jesus vollendet als den, den sech schenkt, hirgët an ausliwwert. Et bleiwt da just nach “d’Einsamkeet vun eiser Fra, an hirer sou grousser Péng an Angscht” ze betruechten (Ex. [208,11], an däer sie gewëssermoossen Deel hëllt um Sacrifice vun hirem Jong. Dem Ignatius séng Relecture vun den Evangelien weist, wéi staark hien de Retraitant drop orientéiert, grad ewéi d’Maria mat bis ënnert d’Kräiz ze goen an hir Leed zu séngem ze maachen. Der Mutter Gottes hir Haltung ass beispillhaft fir all glewige Chrëscht.
Där Einsamkeet a Péng entsprëcht den Dag drop, um Ufank vun der 4. Woch, d’Freed vum Jesus sénger “geseenter Mamm”, däer den Operstanenen als éischt erschéngt. Esou wéi sie als éischt erléist ass gin an als éischt an d’Geheimnis vum Jesus sénger Missioun agefouert gin ass, sou stellt den Ignatius sie och als di éischt vir, déi de Jesus a sénger Herrlechkeet kenne léiert. Et geht hei bal méi ëm eng logesch wéi ëm eng zäitlech Prioritéit: d’Maria ass déi éischt, well alles, wat der Kiirch versprach ass an hir geschenkt gët, schonn an hir verwiirklecht ass. Esou steht d’Maria virun allem hei als Ur- a Sënnbild vun der Kiirch: den Trouscht, den sie vun hirem Jong geschenkt kritt, ass eng Fruucht vum Hl. Geescht an den Hl. Geescht selwer, den schon um Ouschtermoien vum operstanene Christus matgedeelt gët. A Maria erhält also schon di ganz Kiirch den Hl. Geescht, an d’Roll vu Maria besteht doranner, eis mat dem ganzen éisterlechen Geheimnis, Dout an Operstehung, ze verbannen. Dëse Schrëtt soll de Retraitant ewéi d’Maria a séngem geeschtliche Cheminement novollzéien.
3. D’Maria an der Pastoral vun de LËtzebuerger Jesuiten am 17. Jorhonnert
Wat lisst sech elo vun där Dynamik am pastorale Wierken vun den éischte Lëtzebuerger Jesuiten erëmfannen, déi jo d’Veréierung vun der Tréischterin vun de Betrübten bei eis agefouert a populariséiert hun?
3.1. D’zentral Stellung vun der Maria an der Jesuite-Pastoral (historësch)
Fir d’éischt muss en op déi generell wichteg Plaz vun der Maria an der ganzer Pastoral vun de Jesuiten, och zu Lëtzebuerg, hiweisen. D’Oktav ass net déi eenzeg a chronologësch net déi éischten Plaz, wou dat geschitt! D’Jesuiten si jo op Lëtzebuerg geruff gin fir e Kolléisch opzeriichten an d’Jugend am kathoulesche Glawen ze erzéien. Dobei spillt d’Veréierung vun der Mutter Gottes eng zentral Roll, besonnesch duerch d’marianesch Sodalitéiten, an denen e groussen Deel vun der Schülerjugend, an dann och vun der männlicher Stadbevölkerung, zu engem intensive Glawensliewen higefouert gët. An de Statuten vun de Sodalitéiten fällt op, dass d’Veréierung vun der Mutter Gottes dat zentraalt Element vun engem echte spirituelle Liewen gët. Fir opgeholl ze gin, soll den eenzelnen nämlech perséinlech déi “hellig Jongfra a Gottesmutter Maria” zu sénger “Beschützerin a Fürsprecherin” wielen. Am Sodalitéitsliewen gin d’Marienfester besonnësch feierlech begaangen. D’Sodalen sollen d’Rousekranzgebied an d’ “Tageszeiten Mariens” pflegen, d’Statue vun der Mutter Gottes gréissen an all Woch d’Gnodekapell um Glacis besichen an iwwerhaapt an allem als “Jonge vun der Maria” liewen.
Esou sin et och d’Sodalen, déi ënnert der Leedung vum P. Brocquart d’Veréierung vun der Tréischterin aféieren a förderen. Mat hinnen zitt de Begrënner vun der Wallfahrt den 8. Dezember 1624 op de Glacis fir do d’Statue vun der Tréischterin opzeriichten a sie si künftig bei alle grousse Geleënheeten mat vir bäi: wéi de Grondsteen fir déi 1. Glaciskapell 1625 geluegt an d’Kapell den 10. Mee 1628 ageweiht gët, bei der Gronsteeleeung a Weih vun der 2. Kapell 1640, bei all Prëssioun, déi d’Statue an d’Kolléischskiirch oder neess zréck op de Glacis féiert. Iwrigens steht d’Kolléischskiirch ënnert dem Patronat vun der Onbefleckter Empfängnis wéi vill Jesuitekiirchen vun där Zäit. A wann en sëch d’Texter vun de Muttergottes-Weihen vun 1666 (10. Oktober-Stad Lëtzebuerg) a 1678 (20. Februar-Herzogtum Lëtzebuerg a Grofschaft Chiny) genau ukuckt, da sin sie offensichtlech vum Sodalitéitsgebied net nëmmen beaflosst, mee bal ofgeschriwwen (s. Annexe).
E lescht Wuert zur zentraler Stellung vun der Maria an der Pastoral vun den 1. Lëtzebuerger Jesuiten: sie grënden net nëmmen 1651 eng eegen Brudderschaft vun der Tréischterin, an där d’Mêmberen sech der Mutter Gottes weihen an e Liewe no hirem Virbild an ënnert hirem Schutz verspriechen, mee d’Volléksmissiounen, déi am 17. Jorhonnert e wichtige Bäitrag fir d’Erneierung vum Parliewen bidden, verbreeden och d’Veréierung vun der Tréischterin. Méi nach, d’Brudderschaften vun der chrëschtlecher Léier, déi d’Jesuiten-Volléksmissionaren uechter d’ganz Land grënnen, heeschen offiziell “Brudderschaften vu Jesus a Maria” a kennen och wéi d’Sodalitéiten eng Weih un d’Mutter Gottes, déi all Joer gemeinschaftlech erneiert gët.
3.2. Eng Instrumentaliséierung vun der Mutter Gottes?
Wéi awer si mir an e puer Jorzéngten vun där differenzéierter Siicht vum hl. Ignatius, den d’Maria ëmmer a Verbindung zu Christus an zum ganzen Heilsgeschehen setzt a sech selwer nie der Mutter Gottes geweiht huet, nach d’Jesuiten dozou unhält, un eng Mutter-Gottes-Weih als zentraalt Element vun enger Pastoral komm?
Et kann ee ganz sëcher op dem Ignatius séng perséinlech Marienveréierung hiweisen an op säin permanente Réckgrëff op d’Bezeechnung vun “eiser Dame”, déi der ritterlecher Welt vum Mëttelalter entstaamt, mee aus eiser Analys geht jo ganz kloer d’Christus-Zentréiertheet vun der ignatianischer Spiritualitéit erfir. Och sin d’Gebied un d’Mutter Gottes an d’Spiritualitéit allgemeng nie e Selbstzweck, mee sie féieren zu Engagement a Weider-féierung vun der Missioun vun der Kiirch. Wat ass also hei geschitt? Op den 1. Bléck kéint ee mengen, den differenzéierten Zougang zur Maria an hir theologesch wuel duerchduechten Roll wiren enger graff vereinfachter Volléksfrömmegkeet zum Affer gefall!
Heizou gëllt et, eng Reih vun historischen Facteuren ze berücksichtigen. Un éischter Plaz sin do d’Kricher an d’Epidemien ouni Enn ze nennen, déi ganz Europa déif erschütteren an zu enger verstäerkter Religiositéit féieren. Am Kontext vum Enn vum Mëttelalter mat sénger staarker Betounung vum läschte Geriicht an der Angscht virun der éiwiger Verdamnis verwonnert et da net, dass déi Gleewig éischter bei der Mutter Gottes wéi bei Gott oder beim Jesus Schutz an Hëllef sichen.
Dozou kënnt, dass zënter dem Tridentinische Konzil (1545-1563) an der décidéierter Konfessionaliséierung vu ganz Europa d’Maria gewëssermoosse vun de Katholiken vereinnahmt a souguer politesch instrumentaliséiert gët. Esou konzentréiert sech e groussen Deel vum nei erwaachten reliéisen Äifer ob d’Figur vun der Mutter Gottes. D’Habsburger als Leeder vun der gréisster Weltmuecht demools loossen sech et net huelen, hir verschidden Territoiren der Jongfra Maria ze weihen...
An de spuenische Niederlanden sin de reliéisen Äifer an d’marianesch Veréierung besonnesch grouss ënnert der Regierungszäit vun den Äerzherzogen Albert an Isabella (1598-1621). Hei gin sie offensichtlech vum Pouvoir als Identificatiounsfacteuren vun dene verschiddene Provënze benotzt, déi soss net esou vill gemeinsam haten. Esou gesäit en an der heitiger Belsch verschidde Wallfahrten (nei) opbléien: Notre-Dame de Montaigu (no 1602), Notre-Dame de Foy bei Dinant (no 1609), Notre-Dame de Hal bei Bréissel am Ufank vum 17. Jorhonnert, N.-D. Consolatrice des Affligés (!) zu Léck-St. Jacques an zu Laeken, weider zu Ypres, Marchienne-au-Pont, Lille, Namur, asw., ouni Avioth an eiser Géigend ze vergiessen. Virun der Stad Lëtzebuerg weihen sech Lille (1634) an Arel (1656) der Mutter Gottes, am éischte Fall ënner dem däitlichen Afloss vun de Jesuiten. An Däitschland a Frankräich fënnt net deeselwichten Boom vu Marienwallfahrten statt, mat der Ausnahm vun Kevelaer (1642).
3.3. Zur Weih un d’Mutter Gottes
Et wäert wuel ëmmer e gewësse Broch bleiwen tëscht dem hl. Ignatius sénger Marien-veréierung an der pastoraler Praxis vun den Jesuiten am 17. Jorhonnert. Dobei ass ze beuechten, dass de Barockzäitalter e richtige “Weihestuerm” kannt huet als feierlech Form vum Antrëtt an den ritterlichen oder höfischen Déngscht vun der Mutter Gottes. Dozou huet de Grënder vun de Jesuiten ouni Zweifel säint beigedroen eleng vun der ganzer Terminologie vun den Exercissen hir. Allerdéngs geschitt d’Fokaliséierung op d’Figur vun der Maria eréischt an der 2.-3. Generatioun vun de Jesuiten, wou d’Reform vun der kathoulescher Kiirch nom Tridentinum voll am Gaang ass. Am Fall vun de marianischen Sodalitéiten muss e betounen, dass d’Veréierung vun der Mutter Gottes wuel als solch ugestrieft gët, mee dass doran och en Haaptmëttel gesi gët fir d’perséinlech Helligung an de missionarischen a sozialen Déngscht. D’Ziel vum Ignatius gët also net aus den Aen verluer!
Et muss en och drop hiweisen, dass d’Weih un d’Maria eng laang Virgeschicht huet an theologesch keng Bedenken ausléise sollt. Sëcher gëlt all Weih Gott selwer, eis Daf ass schon eng “mise à part” (“consecratio”), eng Neigebuert, déi eng mat der Mutterschaft vun der Maria zesummenhängt. Esou wéi Christus aus dem Schouss vun der Maria gebuer gët, esou gët aus dem Dafwaasser, dem Schouss vun der Kiirch, de mystische Läif vu Christus gebuer (A. Lesch). D’Maria, déi hir Jowuert gët fir d’Mënschwerdung Christi an där ënnert dem Kräiz déi ganz Jüngerschaft vum Jesus uvertraut gët, huet op geheimnisvoll Aart a Weis Deel um Rettungsgeschéien vun der Mënschheet, dem Wierk vum Jesus Christus. An dem Sënn ass d’Weih un d’Maria keen Zousaz zur Weih vun der Daf, mee eng fräi gewielten Gestaltung vun der Helligung a Missioun, déi eis mat der Daf zoufällt. D’Weih un d’Mutter Gottes stellt also op kee Fall e Selbstzweck duer, ausser wann sie nach just mat de Lëpsen als doudeg Widderhuelung praktizéiert gët, mee sie setzt eis an d’Dynamik vun der Erléisung, also vun der Nofollech vum Jesus eran. Trotz aller theologëscher Onbedenklechkeet ass beim Schwätzen iwwer d’Maria oder d’Wahl vun enger Weih un d’Mutter Gottes ëmmer d’Fro ze stellen, wéi ubruecht oder angemessen dat ass!
4. Conclusioun
Wat kënne mir elo vun der spiritueller a geschichtlicher Verwuerzelung vun der Oktav fir eis Praxis haut a mar zréckbehalen? Sëcherlech fir d’éischt déi déif an echt Léift, déi den hl. Ignatius zu “eiser Dame” hat an déi d’Volléksfrömmigkeet vun allen Zäiten opgegraff a weider entwéckelt huet. Dann awer och séng Diskretioun, wann et ëm d’Maria geht, an de richtigen theologischen Toun: keng marianisch Schwärmereien, mee d’Hinuerdnung op Gottes Sonn, den Mënsch gin ass, an op den Heelsplang, den hien deemools an elo nach erfëllt, wat kee glewige Chrëscht onberéiert ka loossen. D’Maria gët dee Moment net nëmmen eng Figur vu Schutz a mütterlicher Betreiung, mee de Prototyp vum erléiste Mënsch, den sech an all konkreter Situatioun nei an d’Nofollech vum gekräizigten an operstanene Christus stellt/stelle léisst. Wann d’Maria esou méi als Urbild vun der Kiirch an de Bléck géif kommen, da kënnt een zugläich eng ze vill frömmlich an eng ze vill moralesch Engféierung vermeiden. Et kann ee net ignatianisch vun der Mutter Gottes schwätzen ouni sech selwer mat abezéien an als erwuessene Chrëscht uschwätzen ze loossen.
Vläicht kënnt grad eng Réckbesënnung op déi déif Bedeitung vum geeschtlichen “Trouscht” beim Ignatius eiser Oktav zur Tréischterin nei Akzenter bréngen, andeems mir eis mat hir als gleewig Kiirch zesumme nei an eiser Welt positionéieren: déiWelt, déi eiser Här esou gären huet, dass hien sie mat eiser aktiver Mathëllef erléise wëllt.
[1] D’Bezéiung vun der Maria zum Jesus gët an Ex. 248 als « hire Sonn an Här » treffend präziséiert: de Jesus ass zugläich de Jong, den d’Maria als Mamm gär huet, a Gottes Sonn, un den sie gleewt.
[2] Wen ëm dës Gnod bied, schléit sech domatt ipso facto op d’Säit vun den Aarmen a vum Liewe markéierte Mënschen, dréckt also och séng Bereetschaft aus, sech sozial ze engagéieren!