La Journée mondiale du 17 mars 2013 était placée sous ce thème ; plusieurs membres ont accepté de témoigner de leur manière de vivre cette présence au cœur du monde et de l’Eglise.
« (..) L’Eglise a le devoir, à tout moment, de scruter les signes des temps et de les interpréter à la lumière de l’Evangile, de telle sorte qu’elle puisse répondre, d‘une manière adaptée à chaque génération, aux questions éternelles des hommes sur le sens de la vie présente et future et sur les relations réciproques. »
« (..) Les laïcs doivent assumer comme leur tâche propre le renouvellement de l’ordre temporel. Eclairés par la lumière de l’Evangile, conduite par l’esprit de l’Eglise, entraînés par la charité chrétienne, ils doivent en ce domaine agir par eux-mêmes d’une manière bien déterminée. Membres de la cité, ils ont à coopérer avec les autres citoyens suivant leur compétence particulière en assumant leu propre responsabilité et à chercher partout et en tout la justice du Royaume de Dieu. (..) » Retour ligne automatique
(Vatican II, « L’Eglise dans le monde de ce temps 4,1 » et « Apostolat des laïcs 7 »)
Zu méngem gesellschaftspolitéschen Engagement, a wéi d’CVX eng Hëllef ass.
Témoignage (17.3.2013)
Vu Jonkem un war ech ëmmer fuerwëtzeg ze wëssen ween a wat de Mënsch eigentléch ass, hu méch fir d’Geschicht vun de Mënschen a besonnesch fir d’gesellschaftléch Entwëcklungen interesséiert.
An de 70 er Joeren hun ech de Begrëff « l’Eglise experte en humanité » opgelauschtert. En huet méch emsou méi ugesprach, wéi vill Leit, virop d’Medien, ebe just der Kierch des Expertise vehement ofgestridden hun. Ech hu mer d’Fro gestallt : wee bedraift Propaganda, d’Kierch oder di aner, oder allenzwee ?
Pauschal Urteeler ware mer ëmmer suspekt.
Wéi ech op 2e war, sinn ech fir d’éischt zu Dikrich am Kolléisch mat der CVX a Kontakt komm, e klenge Schülergrupp ëm de Père de l’Arbre , de Jean-Claude Hollerich, deen dun op 1ère war. - An der Philo hu mer zwar Logik, Syllogismen a Paralogismen geléiert, an de Sproochen hate mer eis Pro-a Kontradissertatioune schonn hannert eis (spéider koum d’Methodologie vun der Geschichtsschreiwung dobai); ma et war am CVX-Grupp wou ech fir d’éischt vum Discernement héieren hun. Dat Wuert war nei a spannend zugleich. Et huet geheescht : ënnerscheeden. Dat Wichtegt vum Onwichtegen, dat Richtegt vum Falschen, dat Däitlécht vum Ondäitléchen. Oder och nach : Problemer aus verschiddene Bléckwënkele gesinn.
Di spirituell Dimensioun war mir deemols nach net esou kloer. Ma Virurteeler a Schwarzwäissmolerei hun ech du scho probéiert ze vermeiden, och wann ech eng Virléift fir eng apologestésch Approche haat.
Als Student ass d’ALUC eng ideal Plattform ginn, wou mer souwuel iwwer Konferenzen, Priedegten an Tables rondes net nëmmen ënnerriicht, ma och zum Nodenken ugereegt goufen. Wichteg war den Austäusch. Aus deem Grond sinn ech an dem Veräin (am ganzen 11 Joer als President) bliwwen, och wann en haut soziologésch wahrscheinléch iwwerliewt ass.
Ech konnt méch ni esou richteg zefridde ginn, wann dobaussen an der Welt oder heiheem an der Gesellschaft eppes net klavéiert. Spontan hun ech dann een Artikel geschriwwen an en an d’Press geschéckt. Ech hat dann ëmmer eng gewëss Onrou, heiansdo Ongedold oder suguer Roserei, besonnesch wann di aner ee mir wichtegt Thema ignoréiert hun.
Main Discernement huet da fir d’éischt dora bestan, méch ze vergewësseren, ob et just drëm geet, mer eppes vun der Liewer ze schreiwen, e gudd konstruéierten Aufsatz ze zwaffen, oder awer e positive Beitrag zur Verbesserung vun enger Situatioun oder zu enger Prise de conscience bäizedroen. Ech wousst zwar ëmmer, datt mai Message eppes wéi eng Fläschepost wier, déi vlaicht zoufälleg
opgegraff gëtt oder och net ; ech hat awer ëmmer d’Hoffnung datt se op iergendee fruchtbare Buedem géif falen.
Et huet oft genuch geheescht : e kathouléschen Intellektuellen gëtt et net. Wann een intellektuell ass, kann een net kathoulésch sinn, bien au contraire. Och haut ass dat jo een Topos: Freidenkertum géint Dogmatismus ; oder Fräiheet a Genéissen op der enger Säit, Geboter a Verzicht op däer anerer.
Grad well dat fir vill Leit esou plausibel schéngt, hunn ech dës Géigesätz ëmmer erem hannerfrot. An zwar suwuel theoretésch wéi och praktésch.
Eent ass sécher : dem Mënsch säi Verstand, sou wertvoll wéi en och ass, ass begrenzt. Och kollektiv kënnen di gescheitste Leit séch iren an suguer grousse Schued uriichten. Méng Erfahrung huet gewisen, datt eng vermeintléch Fräiheet zu Onfräiheet féiert, während d’Vertrauen op den Herrgott an séng Geboter leschtendléch eng Befreiung ass. Ech hun d’Erfahrung gemaach, datt Iwwerfloss onfräi an nervös mécht, a Verzicht liberéiert.
Ähnléch Paradoxen hunn ech bei villen Theme festgestallt. Dat huet och domat ze dinn, datt Begrëffer entweder net vu jiddferengem d’selwécht verstan ginn, oder suguer mëssbraucht oder op d’Kopp gestallt ginn.
E puer Beispiller :
– Um internationale Plang gëtt oft genuch Krich am Numm vum Fridde geféiert. Während dem Kosovokrich hunn ech festgestallt, datt d’Kriterien vum gerechte Krich, wéi se an der chrëschtlécher Traditioun gëllen, net agehal goufen. Goufen se et je ? Am Irak 2003 war et nach méi evident.
– Ech konnt och ni verdroen, wann eis Politiker séch mat Diktatoren guddhalen, dann awer op Hinzert oder Auschwitz « never again » soe ginn, a spéider diselwécht déi se ëmäerbelt haaten, fale loossen wann se um Enn sinn.
– Um nationale Plang hun ech viru 25 Joer friemefeindléch Nationaliste bekämpft, sinn awer haut net frou ze gesinn, wéi verschidde Leit Lëtzebuerg am léifste géifen ofschafen oder op d’mannst « dekonstruéieren ».
Solidaritéit mat den Armen war mer en Uleies, besonnesch am Kader vun der Schülersensibilisatioun (LCD-Solidarité).
– An de leschte Joeren hun ech méch a gesellschaftspolitischen Themen abruecht, wéi d’Euthanasie, wou ënner dem Deckmantel vu « Sterben in Würde » awer di Onheelbar implizit suggeréiert kréien, datt se w.e.g. der Gesellschaft net méi zu Laascht fale sollen.
– En ähnléche « Paradigmewiessel » hu mer rezent bei der Ofdreiwung erliewt : aus dem Recht op Liewen gëtt e Recht op Ofdreiwung ; d’Friembestëmmung gëtt zur Selbstbestëmmung ; « sexuelle und reproduktive Gesundheit der Frau » gëtt dat da genannt . Dohir dann och main Engagement an der « Vie Naissante » ; den Avortement ass keng Fatalitéit, ma et muss gehollef ginn.
D’Wuel vun de Kanner louch mer ëmmer um Häerz, ënner anerem well ech selwer – an engem kathoulésche Milieu - eng wonnerschéi Kandheet haat.
Mir deet et leed, ze gesinn, datt di öffentléch Prise en charge vun deene Klengsten als eng grouss Errungenschaft gefeiert gëtt, wou dach näischt iwwer Gebuergenheet an der Famill geet.
Datt elo mat staatléchem Segen Kanner ongefrot amplaz Mamm a Papp zwee Pappen oder zwou Mammen imposéiert kënne kréien, an allméigléch onnatiirléch Familljeverhältnésser entstinn (Leihmutterschaft, etc.), daat alles ass fir méch kee Fortschrëtt. Ech si paff, datt hei zu Lëtzebuerg séch net méi Leit réieren an séch zu Wuert melden…
Virun 2 Joer hu méng Fra an ech de Wee zum CVX (rem)fonnt. Mir ass doduerch méi däitléch ginn, datt den Discernement wierkléch un d’Gebiet gekoppelt ass.
Gebiet spillt eng Roll fir d’Wourecht, awer och Bescheidenheet als Géigendeel vu Rechthaberei ze fannen; wann ech ee mat Argumenter ugräifen, bieden ech och fir deen. Duerch den Austausch hëlleft d’CVX, Reflexiounen ze verdéiwen an ze nuancéieren.
A.G.
kuckt och Témoignage S.C.
kuckt och Zeugnis von A.K.