
Eisen Alldag ass oft vun Zäitdrock a Stress geprägt. Mir falen owes doudmitt an d’Bett a froen eis, wat den Dag eigentlech bruecht huet. Ënnerschwelleg bewunnt eis e Gefill, datt mir laanscht dat richtegt Liewe ginn.
Et brauch een heiandsdo eng Méiglechkeet Distanz ze huelen fir den Alldag erëm besser ze liewen.
Duerfir ass dëse Cours entstanen, deen mir als Mêmbere vun der CVX (Communauté Vie Chrétienne) op dräi Owender (op lëtzebuergesch, vun 20 bis 21:30 Auer) ubidden :
30. Januar 2012 : Zäit ?! – Mäin Emgang mat der Zäit
6. Februar 2012 : „Arbecht mecht d’Liewe séiss“
13. Februar 2012 : Ënnerscheeden - Entscheeden
D’Owender ginn vun enger Equipe animéiert, mat ofwiesselungsräiche Methoden : Impulser, Bildmeditatioun, Austausch asw. Et kann een un der ganzer Rei deelhuelen oder nëmmen un engem Owend.
Datumer : Méindes, den 30. Januar, de 6. an den 13. Februar 2012
Zäit : 20.00-21.30 Auer
Plaz : am Parsall am Centre culturel
8, rue du village, Junglinster
Participatioun : De Cours ass gratis, mee et gëtt eng fräiwelleg Participatioun fir d’Onkäschten opgehuewen.
Dës Rei gëtt ugebueden, wann op d’mannst 8 Leit deelhuelen.
Umeldung : am Sekretariat vum Porverband Lënster,
Tel : 780043 Méindes bis Freides, vun 10.00 – 12.00, oder per Email (ferasmy chez pt point lu )
Kontaktpersounen :
Edith Schuller-Kieffer, CVX, Tel : 309084, schuki chez pt point lu;
Christiane Kremer-Hoffmann, EwB, Tel : 921920, chkremer chez pt point lu
Francis Erasmy, Tel. 780043, ferasmy chez pt point lu
Organisatioun :
Communauté Vie Chrétienne (CVX) an Zesummenaarbecht mat der ErwuesseBildung (EWB) a mam Porverband Lënster.

