
Eisen Alldag ass oft vun Zäitdrock a Stress geprägt. Mir falen owes doudmitt an d’Bett a froen eis, wat den Dag eigentlech bruecht huet. Ënnerschwelleg bewunnt eis e Gefill, datt mir laanscht dat richtegt Liewe ginn.
Et brauch een heiandsdo eng Méiglechkeet Distanz ze huelen fir den Alldag erëm besser ze liewen.
Duerfir ass dëst spirituellt Ugebuet entstanen, dat mir als Mêmbere vun der CVX (Communauté Vie Chrétienne) fir Porverbänn oder Gruppen (op lëtzebuergesch) ubidde wëllen :
Terminer : all Kéiers méindes vun 20 bis 21:30 Auer
9. Januar 2012 : Zäit ?! – Mäin Emgang mat der Zäit
16. Januar 2012 : „Arbecht mecht d’Liewe séiss“
23. januar 2012 : Ënnerscheeden - Entscheeden
D’Owender ginn vun enger Equipe animéiert, mat ofwiesselungsräiche Methoden : Impulser, Bildmeditatioun, Austausch asw. Et kann een un der ganzer Rei deelhuelen oder nëmmen un engem Owend.
Plaz :
Porsall Lampertsbierg,
9, rue Zinnen
Participatioun :
De Cours ass gratis, mee et gëtt eng fräiwelleg Participatioun fir d’Onkäschten opgehuewen.
Umeldung :
am Sekretariat vum Porverband Lampertsbierg-Rollengergronn
Méindes bis Freides, vun 8.30 - 12.00 Auer
Tel : 220760
Email : secliro chez pt point lu
Dës Rei gëtt ugebueden, wann op d’mannst 8 Leit deelhuelen.
Organisatioun :
Communauté Vie Chrétienne (CVX) an Zesummenaarbecht mat der ErwuesseBildung (EWB) an dem Grupp "Annonce vum Porverband Lampertsbierg-Rollengergronn.
Kontaktpersounen :
Edith Schuller-Kieffer, CVX, Tel : 309084, schuki chez pt point lu;
Lisiane Brimeyer-Feiereisen, Gupp "Annonce", PVR Lampertsbierg-Rollengergronn, Tel : 225368

