Flashback Libanon / no dem Libanon
Ënnerwee op d’Welttreffen 2018
Sonndes, den 8. Oktober 2017 huet D’CVX LU sech zur "Journée des Equipes" versammelt ënnert dem Thema "Ënnerwee op d’Welttreffen 2018" an Argentinien: "d’CVX, eng Gow fir d’Kierch an d’Welt". De Réckbléck tëschent der Virbereedung op d’Welttreffen vun Beyruth 2013 an haut huet eis erméiglecht, eis ze erënneren an dankbar op di läscht Joeren ze kucken a mat Dynamismus an Zouversiicht éischt Schrëtt op dat nächst Welttreffen Zu Buenos Aires an Argentinien hin ze maachen.

Thema vun dem Welttreffen (Assemblée Mondiale) 2013 :
Vun eise Wuerzelen bis un d’Grenzen
“Dieser ist mein geliebter Sohn. Auf ihn sollt Ihr hören!” Mk 9,7

A/ E Joer Virbereedung op d’AM

• Eis Delegéierten an Ersatz-Leit wielen
• Als Gemeinschaft hinnen d’Sendung fir dës Missioun gin a mat dem TN d’Virbereedungsequipe (EPAM) grënnen
• Sech vum Liewen vun eiser Gemeinschaft prägen loossen :
o d’Gruppen besichen
o De Profil vun eiser Gemeinschaft aktualiséieren
o D’Relecture vun all eisen Engagementer a Gemeinschafts-Wierker/Missiounen,
an och eis Erausfuerderungen deelen
• E Symbol: eise CVX Bam, mat senger gesonnter Spannung zwëschen dem Wuessen vu sengen Äscht an der Verdéiwung vu senge Wuerzelen, ouni derbäi d’Stäerkung vu sengem Stamm ze vergiessen
• Bei de CVX Memberen an hire Frënn Spenden fir de Welt-Solidaritéitsfong sammelen

B/ D‘AM am Libanon

• De Libanon: Hellege Buedem an e waarmherzegen Accueil;
D‘Chance als Delegatioun zu 3 ze sinn an esou komplementar kënne ze sinn !
• D’CVX Gemeinschaften aus méi ewéi 65 Länner begéine sech, huele géigesäiteg Undeel (d’Symboler schwätze fir sech !!) un hirem Gemeinschaftsliewen, un hire Gnoden, … an och un hire Schwieregkeeten an Erausfuerderungen.
• Vu deenen 10 Deeg intensivem Liewen a Gemeinschaft, brenne sech eng Onmass Biller an een: Gesiichter, Kulturen, Begéinungen, Gebiedsmomenter, Eucharistie-feieren, Partagen, Verdéiwung vun de Grenzen…
• eng ignazianesch Manéier an d’Wichtegkeet vum “Bottum up”.
• CVX = Lay Apostolic Body: sech beréiere loossen an nospieren dat mir op Weltebene ee Leif sinn, dem Jesus Christus säi Leif, an esou ëmmer Undeel hun un dem Liewen vun deenen Aneren: wat deem engen Guddes geschitt, deet alle gutt, a wann deen een Schwéieres erlieft, dann schmerzt et de ganze Kierper-> Solidaritéit, Projete, …
• Esou dann och eng eenzeg Pyramide mat de 4 Niveauen vu Missioun
 Missioun vum einfachen Alldag
 Wierker vun der Gemeinschaft
 institutionell Präsenz
 Plaidoyer um internationale Niveau

• Op 4 Grenzen zougoen, 4 Grenzen déi mir an eisem Alldag begéinen:
Famill - Globaliséierung an Aarmut - Ekologie - di Jonk Leit
• E Schluss-Dokument wat d’CVX weltwäit dréit duerch seng Richtlinnen an duerch seng Dynamik
• D’Wahlen an d’Sendung vum neien Welt-Exco:
mam Maurizio, Edel, Chris, Ann Marie, Joséphine, Denis, Najat, de Luke, an de Franklin mam Sofia

C/ D’Friichte vun dem Welttreffen fir äis Gemeinschaft hei zu Lëtzebuerg

1/ Méi vernetzt schaffen an de Kontakt verstäerken mat de Nopesch-Gemeinschaften

• de WE CVX ALsace-LU-Lothringen - Abrëll 2014 « Avec nos racines et nos ailes, franchissons les frontières… » (Témoignage vun der AM 2013 duerch äis CVX LU)
• Treffen zu Bréissel Fran-Be-Lux - Juli 2014 - wou mer um Maart vun de Gemeinschaften konnten Inspiratioun kréien a vu Best Practice profitéieren
• jäerlech Treffen vun der Ignatianischer Famill zu Erpent/Namur
• u Formatiounen deelhuelen déi vun GCL Trier, CVX BE, CVX Alsace
• De Guy huet op der European Assembly zu Regensburg den Workshop “Aarmut a Mondialisatioun” animéiert - Juni 2014
• E gemeinsame Bréif vun de CVX Europe un d’Kandidaten fir d’Wahlen vu den Deputéierten an d‘europäieschen Parlament
• D’europäescht Treffen iwwert d’Migratioune ass hei vum Agnès mam GIM organiséiert ginn - November 2014

2/ Eis Spiritualitéit méi breet mat Aaneren deelen

Fréijoer 2014 hu mir dëckvoll gefeiert: 410 Joer Ignatianesch Laïe Gemeinschaften hei zu Lëtzebuerg an 40 Joer CVX LU. Dat wor d’Geleeënheet fir
• 2 Konferenzen ze organiséiren
• 1 Brochure “De Glawen liewen am Alldag”, mat 4 Hänn geschriwwen - vum Josy a vum Agnès (eng schéin Zesummenaarbecht Jesuit/Laïen)!
• D’Spiritualitéit vum Ignacius ubidden a Porverbänn an am Christ-Roi:
an dëse 4 Joer hate mir 1 Grupp Ouvert + 3 Startgruppen

3/ De Courage hun fir e laangen Gemeinschafts-Prozess :
10 Méint am VERTRAUEN liewen fir d’Wahlen vun engem neien TN !

4/ Fir op d’Grenzen zouzegoen
D’Sprooch vun der Weisheet (Adolfo Nicolás sj) erméiglecht eis eng Begéinung an der Déift mat all Mënsch ! Dat ass keng Theorie:
Ech denken dat mer am Guy dës Liewensaart konnten erfueren: hien wor contemplativ a sengem Handelen an och an senger einfacher Präsenz, wat him dës eenzegaarteg Begéinung erméiglecht huet mat jidderengem.
Nei Formen vu Kollaboratioun, mat aneren Acteuren aus der Kierch, iewer nët nëmmen. (Lisel Haus Bonnevoie a Staad Lëtzebuerg z.B.)

Di JONK LEIT :
1. D’Demarche DESE Lisel an eiser Gemeinschaft wou dës Missioun eng nei Dynamik an eist Engagement bruecht huet. Eis Kreativitéit an eis Hëllef gi weider nach ëmmer gebraucht !
2. Eise jonke Memberen de Goût vun enger méi aktiver Platz an eisem Gemeinschafts-liewen ginn (de Jonathan huet um europäeschen Treffen vun den Eurolinks deelgeholl; d’Ghislaine huet d’Nôfolleg vum Marguerite am Lisel iwwerholl, de Romuald d’Technik vun eisem Site, d’Stéphanie de Layout vum CVXintern, …)
3. Se och encouragéieren hir Talenter méi zum Ausdrock ze bréngen.

D’FlÜCHTLINGEN :
Ragusa Summer 2015: jonk Volontairen vu Lëtzebuerg huelen mam Agnès un dësem CVX-Europe-Projet Deel
• An dëser Nofolleg : 2016 an 2017 Summer Projeten mat de Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg
CVX a GIM an Zesummenaarbecht mat der Famille ignatienne (Jésuites et Soeurs de la Doctrine Chrétienne), Reech-eng-Hand a Caritas.

D’FAMILL :
• Um Equippendag 2015 d’Freed an d’Erausfuerderungen vun der info-moderner Famill entdecken
• An de lëschten Hierscht, de flotten Gemeinschafts-WE fir eis Memberen an hir Famill
“Ich bin ich - Du bist Du!? Von den Herausforderungn des Andersseins”

D/ E Gebuertsdag virun dem nächsten Welt-treffen:

50 Joer CVX Welt-Gemeinschaft :
 Zesummen eis Dankbarkeet deelen fir déi verschidde Welttreffen an eis Délégué
 Vun de PG aus deelen an se esou verdéiwen
 Eis nei CVX LU Statuten stëmmen, fir d’Liewen vun der Gemeinschaft besser ze ënnerstëtzen.

E/ An elo, wat solle mir maachen ??
• Als Fëscher eraus zéien ! (Rentrée’s Bréif 2017)
• All zesummen op de Wee vum Welttreffen 2018 an Argentinien !

Flashback Liban/Après-Liban 8oct2017

An der franséischer Présentatioun "Flashback Liban/Après-Liban" am PDF, si vill Fotoen.

Jocelyne WANDERSCHEID
2. Dezember 2017
Vum selwechten Auteur: